Postbüro Réimech: Wéi positionéiert sech den Här Wirtschaftsminister Fayot zu der Äntwert vu sengem Virgänger Schneider, déi der Gemeng Réimech no d’Realitéit net rëmspigelt ?

Här Chamberspresident,

Esou ewéi et am Artikel 83 vum Chambersreglement steet, wëll ech eng Zousazfro iwwert d‘Postwiesen un den Här Wirtschaftsminister Franz Fayot stellen.

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Ufro Nr. 1728 iwwer de Postbüro zu Réimech huet de viregte Wirtschaftsminister Etienne Schneider geschriwwen, d’Ännerungen am Ugebuet vun den Zerwisser wäre mat de lokale Gemengenautoritéiten ofgestëmmt: “all dës Ännerunge sinn an Zesummenaarbecht mat der Réimecher Gemeng op de Wee bruecht ginn”.

Dëst bestreit de Schäfferot vun der Stad Réimech formell. An enger offizieller Stellungnam distanzéiert en sech vun dëser Äntwert a seet: “Dëst ass absolut net de Fall. An enger Entrevue mat dem Schäfferot Enn vum Joer hunn déi Responsabel vun der Post hir Pläng (iwwer d’Plënnere vum Postbüro an der Reduktioun vun den Zerwisser) matgedeelt. De Schäfferot war absolut net frou driwwer, besonnesch net iwwert de Fait Accompli (…). Et ass sech iwwer méiglech Verbesserungsvirschléi (…) auserneegesat ginn. (…) D’Vertrieder vun der Post hunn dës Doleancen an Informatioune mat op de Wee geholl, allerdéngs ouni datt des weder kommentéiert nach schlussendlech gehéiert goufen”.

De Schäfferot huet “dës Ännerung als kontraproduktiv fir d’Liewen am Zentrum vu Réimech charakteriséiert. Et ass sech iwwer méiglech Verbesserungsvirschléi, ewéi beispillsweis e “Point Post” an enger gewëssener Unzuel vu “Boîtes postales” ënnen a Réimech auserneegesat ginn (esou wéi iwwert den) Defizit um Niveau vun den Telecommunicatiounsservicer”.

Ech wëll dowéinst folgend Froen un den Wirtschaftsminister Franz Fayot stellen:

– Wéi positionéiert sech den Här Wirtschaftsminister Fayot zu der Äntwert vu sengem Virgänger Schneider, déi der Gemeng Réimech no d’Realitéit net rëmspigelt ?

– Wéi steet den Här Minister Fayot zu de Verbesserungsvirschléi vun de Gemengeverantwortleche vu Réimech?

– Wéi steet den haitege Wirtschaftsminister dozou, dat d’Post Lëtzebuerg mat hirem Postscheck (CCP) ëmmer manner Finanzdéngschter ubitt, an dat op ëmmer manner Plazen am Land?

– Confirméiert de Wirtschaftsminister Fayot d’Politik vu sengem Virgänger Schneider am Beräich vum Postwiesen sou gutt wéi wat d'”Entreprise des Postes et Télécommunications” POST ugeet?
Oder wéi gesäit seng Alternativpositioun aus?

Mat déifstem Respekt,

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck