Plangt d’Regierung, Gespréicher mam Vereenegte Kinnekräich opzehuelen, fir een Accord fir eng verstäerkt Zesummenaarbecht a verschiddene Politikberäicher auszeschaffen?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

De 17. Juli 2025 hunn Däitschland an d’Vereenegt Kinnekräich zu London de sougenannten „Kensington-Vertrag“ ënnerschriwwen. Dësen ëmfaassenden Accord gesäit eng verstäerkt Zesummenaarbecht tëscht de béide Länner a Beräicher wéi Verdeedegung a Sécherheet, Migratioun, Wëssenschaft a Bildung vir. Besonnesch ervirzesträichen si beim läschte Punkt d’Pläng fir visafräi Reesen am Kader vum Schüler a Jugendaustauschprogrammer.

An dësem Kontext wéilt ech der Regierung follgend Froe stellen:
Plangt Regierung, Gespréicher mam Vereenegte Kinnekräich opzehuelen, fir een Accord auszeschaffen, deen eng verstäerkt Zesummenaarbecht a verschiddene Politikberäicher wéi Sécherheet, Wirtschaft a Bildung virgesäit?
Mat wéi enge Schwieregkeeten si momentan Lëtzebuerger Studentinnen a Studente konfrontéiert déi am Vereenegte Kinnekräich studéieren oder do wëlle studéiere goen ?
Wier d’Regierung gewëllt, dës Problemer an eventuelle Gespréicher unzeschwätzen a gegeebenefalls no Léisunge sichen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt
Deputéiert

Zréck