Plangt d’Regierung, d’Vente an de Konsum wéinst dem héije Suchtpotenzial vun de Nico-Pouches ze reglementéieren ?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Déi sougenannte „Nicotine Pouches“ falen hei zu Lëtzebuerg net ënnert d’Anti-Tubaks-Gesetz, well se keen Tubak enthalen, mee just Nikotin. Nikotin ass awer eng Substanz, déi séier ofhängeg mécht. Ausserdeem ginn d’Nico-Pouches dacks als Opputschmëttel geholl. Virun allem jonk Leit gräifen ëmmer méi dacks drop zréck. An dem Zesummenhang géinge mir gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Leien dem Gesondheetsministère Zuelen zur Vente respektiv zum Konsum vun Nico-Pouches vir?
    • Wa jo, wéi vill Nico-Pouches ginn hei zu Lëtzebuerg pro Joer verkaf?
    • A wat fir Alterskategorië ginn déi meeschten Nico-Pouches konsuméiert?
      • Wéi vill Nico-Pouches ginn an der Alterskategorie ënner 18 Joer konsuméiert?
      • Wéi vill Nico-Pouches ginn an der Alterskategorie tëschen 18 an 30 Joer konsuméiert?
  • Ass de Verkaf vun Nico-Pouches hei zu Lëtzebuerg op eng aner Manéier reglementéiert, vu datt dat Produkt net ënnert d’Anti-Tubaks-Gesetz fält?
    • Wann nee, plangt d’Regierung, d’Vente an de Konsum wéinst dem héije Suchtpotenzial vun de Nico-Pouches op eng änlech Aart a Weis ze reglementéieren, wéi d’Tubaksprodukter?
      • Wa jo, wäert d’Regierung de Placement vun Nico-Pouches direkt nieft der Kees vun de Butteker, do wou och d’Séissegkeete leien, iwwerdenken?

 

Här President, ech bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp                 Martine Hansen

Deputéiert                                          Deputéiert

Zréck