Plangt d’Madamm Minister, dem Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur d’Méiglechkeet fir eng 4. Covid-19-Impfung op fräiwëlleger Basis unzebidden ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Mëtt Juli huet de Gesondheetsministère eng 4. Dosis vun der Impfung géint Covid-19 fir Leit iwwer 60 a fir Persounen, déi e schwéiere Krankheetsverlaf riskéieren, recommandéiert.  Nieft dësen 2 Persounegruppen ass awer och d’Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur engem héije gesondheetleche Risiko ausgesat.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Plangt d’Madamm Minister, dem Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur d’Méiglechkeet fir eng 4. Covid-19-Impfung op fräiwëlleger Basis unzebidden ?
    • Wa jo, vu wéini un a wéi soll dës Offer an der Praxis ëmgesat ginn ?
    • Wann net, firwat net ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck