Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
D’Sécherheet an d’Wuel vun eise Kanner a Jugendlecher an der Gesellschaft stinn am Mëttelpunkt vun der Verantwortung vun de staatlechen an zivilgesellschaftlechen Acteur·rice vun eiser Demokratie. Déi rezent Affär ëm d’Verurteelung vun enger Persoun, déi an diversen Associatiounen am Kulturberäich engagéiert wuar, huet d’ëffentlech Meenung iwwer déi potenziell Schwächten a Kontrollmechanismen alarméiert.
An deem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Inneminister stellen:
- Firwat gouf am rezente Fall, trotz Beweiser, déi vun Europol geliwwert goufen, d’Kand net direkt a Sécherheet bruecht? Wéi eng Prozeduren si fir esou Situatioune virgesinn a goufen dës am konkrete Fall respektéiert?
- Ginn et aktuell Prozeduren/Sécherheetspläng fir Mannerjäreger, déi potenziell Affer vu sexueller Gewalt sinn?
- Wéi vill Poliziste sinn aktuell zu Lëtzebuerg spezifesch fir d’Bekämpfung vu Pedokriminalitéit zoustänneg?
- Wéi vill Signalementer vun Pedokriminalitéit (Produktioun, Deelen, Opriff vun CSAM-child sexual abuse material) goufen an de leschten zéng Joer zu Lëtzebuerg gemellt, souwuel vun Europol wéi vu Privatleit?
- Hëlt d’Zuel vu pedokriminellen Netzwierker zu Lëtzebuerg zou? Ginn et rezent Statistiken zu dësem Phänomen?
- Gëtt aktuell iwwerpréift, ob déi technesch Mëttel, déi vun der Police benotzt gi fir pedokriminellt Material z’identifizéieren an ze behandelen, um neiste Stand an effektiv sinn? Sinn zousätzlech Ressourcen an/oder Upassunge geplangt?
Här President, ech bieden Äech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie Morgenthaler
Deputéiert
Zréck