Patientendossier (DSP) : Wéi sécher sinn déi Dossieren a Punkto Dateschutz?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.
Den Dossier de Soins Partagé (DSP) gëtt niewt der Agence eSanté och vum Luxembourg Institute of Science and Technologie (LIST) geréiert, notamment wat d’Software ugeet.
An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:
War d‘Commission nationale pour la protection des données (CNPD) ëm Avis gefrot ginn zu dëser Software ?
Huet de LIST och Zougang zu de Patienten-Donnéeën aus dem DSP?
Ass de LIST outilléiert fir all noutwendeg Mesuren am Beräich vum Dateschutz ze respektéieren?
Wëssend datt déi franzéisch Commission Nationale de l’Informatique et des Libertés (CNIL) e ganz kriteschen Avis iwwer déi franséisch Patiente-Plattform erausginn huet, well dës vu Microsoft gehost ass, an duerch de Foreign Intelligence Surveillance Act (FISA) domat déi amerikanesch Regierung Zougrëff op d’Gesondheetsdonnéeën aus Frankräich huet, wéilte mir froe wou de Lëtzebuerger DSP gehost ass?
Kann d’Regierung garantéieren datt keen Zougrëff op d’Donnéeë vum DSP huet ouni den Accord vum Patient?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Viviane Reding Laurent Mosar
Deputéiert Deputéierten

Zréck