“Overshoot Day” zu Lëtzbuerg aussergewéinlech fréi : Wéi kann een sech dat erklären a wat kann ee maachen ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum sougenannte „Overshoot day“ un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.
Am Joer 2019 louch de Lëtzebuergeschen «Overshoot Day» um 16. Februar. Dat bedeit, dass schonn no 47 vun 365 Deeg vum Joer Lëtzebuerg statistesch souvill nowuessend Ressourcë verbraucht huet, wéi an engem ganze Joer nowuesse kënnen.
Iwwregens war de weltwäiten «Overshoot Day» den 29.Juli 2019. Dat bedeit, dass – weltwäit gesi – 1,75mol méi u Ressourcë verbraucht gëtt, wéi nowuesse kann. Et bedeit awer och, dass Lëtzebuerg an enger Welt, déi ze vill verbraucht, nach 4,5mol méi séier seng proportionell Ressourcë verbraucht wéi de Rescht vun der Welt. Mam 16.Februar louch Lëtzebuerg weltwäit am Joer 2019 op der 2.Plaz, direkt nom Katar (11.Februar), mee wäit virun z.B. eise Noperen Däitschland (3.Mee), Frankräich (14.Mee) a Belsch (6.Abrëll). Wärend Lëtzebuerg seng proportionell Ressourcen no 47 Deeg verbraucht hat, huet d’Belsch 96 Deeg gebraucht, Däitschland 123 a Frankräich 134 Deeg.
Natierlech ass den «Overshoot Day» just een Indicateur, deen duerch methodesch Choixe beaflosst gët an dofir seng Stäerkten a Schwächten huet. Trotzdeem schéngt et mer ee ganz interessanten Indicateur ze sinn, fir eis dréngend Lëtzebuerger Problematik anschaulech duerzestellen.
Dofir erlaabt mer, der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froen ze stellen:
Betruecht d’lëtzebuerger Regierung den Indicateur vum «Overshoot Day» als seriéisen Indicateur, mat deem ee schaffe kann?
Wat erkläert der Madamm Ministesch no den eklatanten Ënnerscheed tëscht Lëtzebuerg a sengen direkten Noperen engersäits an deen nach méi eklatanten Ënnerscheed zum Rescht vun der Welt?
Erschéngen der Madamm Ministesch déi Mesuren interessant, déi de «Global Footprint Network» (https://www.footprintnetwork.org/) ënnert dem Hashtag #MoveTheDate zur Reduzéierung vum Ressourceverbrauch proposéiert? Respektiv wéi eng Mesuren proposéiert d’Madamm Ministesch ze huelen fir de Ressourceverbrauch ze limitéieren?
Wa jo, wär et dann net eng Idee, zu Lëtzebuerg eng national Sensibiliséierungscampagne ronderëm dës Mesuren ze starten?
Ausgoend vun de Facteuren, déi zur Errechnung vum jäerlechen «Overshoot Day» déngen, ass et méiglech auszerechnen, op wat fir engem Datum de «Luxembourg Overshoot Day 2020» ongeféier wäert leien?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles
Deputéierten

Zréck