Och d’Léierjongen a Léiermeedecher si vun der Präisdeierecht betraff. Kann d’Regierung hinnen och eng Bäihëllef accordéieren?

Här Präsident,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Eis Apprentien (Léierjongen a Léiermeedercher) si staark vun der rezenter Präisdeierecht, virun allem duerch déi héich Bensinns a Dieselpräiser betraff. Vill vun hinne sinn op den Auto ugewise, well fir si den ëffentlechen Transport net passt, Betriber wou si schaffen an Industriezonen leien, déi schlecht ugebonne si respektiv mussen mam Auto op de Chantier fuere fir ze schaffen.

Am Géigesaz zu de Studenten, sinn awer fir Léierjongen a Léiermeedercher keng Bäihëllefe bis elo virgesinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen.

  • Well den Här Minister den Apprentien och eng Bäihëllef wéinst der Präisdeierecht accordéieren?
  • Wann nee, firwat net?
  • Wa jo, op wéi eng Aart a Weis wëll den Här Minister hëllefen ? Kéint z.B « d’Prime de promotion à l’apprentissage » gehéicht ginn ?

Ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck