Nom Dout vun 8 Schof am Juli : Wéi gesäit et mat DNA-Analysen aus ?

Réponse à la question N° 3254 (Question écrite) de Madame Martine Hansen, Députée, Monsieur Gilles Roth, Député concernant Loup, par Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement: QP 3254

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert wahrscheinlech Optriede vum Wollef zu Lëtzebuerg un Madame Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

An der Äntwert vun der Madame Ëmweltministesch op d’parlamentaresch Ufro No 3157 vum 24. Juli 2017 iwwert ënner anerem 8 doudeg Schof déi méiglecherweis vun engem Wollef gerass kéinte gi sinn ass präziséiert ginn, dass fir definitiv Opschless ze kréie Resultater vun DNA-Prouwe missten ofgewaart ginn.

Madame Minister verweist an dësem Kontext op een Pressecommuniqué vum Ëmweltdepartement vum 17. Juli 2017 wou ze liese war, dass et kann e puer Wochen daueren, bis déi Resultater do sinn. Zitat aus dem Pressecommuniqué: « Eine définitive Schlussfolgerung kann daher im Falle Garnich erst dann getroffen werden, wenn die Resultate der DNA-Proben vorliegen. Diese Untersuchung kann mehrere Wochen dauern. »

Zënter desem Communiqué an der Äntwert vun der Madame Ëmweltministesch op d’parlamentaresch Ufro No 3157 si mëttlerweil méi wei 8 Woche vergaangen.

An deem Kader, wollte mir der Madame Minister fir Ëmwelt folgend Froe stellen:

  • Firwat dauert et sou laang bis Resultater virleien ?
  • Ginn et Problemer bei der Analyse vun den DNA-Prouwen ?
  • Wa jo, wi eng ?
  • Wéini ass mat den definitive Resultater vun den DNA-Prouwen ze rechnen ?

Madame Minister huet desweidere bestätegt dass Kot fonnt ginn ass, deen absolut net wollefstypesch war a wou et net kloer ass vu wéi engem Déier dee Kot ass. Dee Kot gouf gesëchert an agefruer an e kann zu all Moment analyséiert ginn, falls DNA-Prouwen

vun de Schof kee Resultat sollten erginn.

An deem Kader, wollte mir der Madame Minister fir Ëmwelt dës Fro stellen:

  • Wann et sou schwiereg ass Resulater vun den DNA-Prouwen ze kréien – gëtt dann elo d’ Kotprouw analyséiert a wa jo wéini kéinten do Resultater virleien ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen Gilles Roth

Députéiert

Zréck