Nodeems datt Kanner bei eis am Land wéinst dem Confinement och wochelaang net hirem Spill- a Beweegungsdrang konnte nokommen, wat op Dauer zu sozialen a gesondheetleche Problemer ka féieren, stellt sech d’Fro ob nom Ophuele vum Schoulbetrib am Enseignement fondamental och nees d’Spillplazen opgemaach ginn ?

Här President

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech des parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister weider ze leeden.

An Däitschland ass decidéiert ginn fir des Woch erëm Spillplazen opzemaachen déi wéinst der sanitärer Kris zougemaach gi sinn. Dobäi sollen d’Elteren oppassen, dass déi virgeschriwwen Hygiènesreegelen agehale ginn. Desweideren soll een sech och vun iwwerfëllte Spillplaze wechhalen.

Nodeems datt Kanner bei eis am Land wéinst dem Confinement och wochelaang net hirem Spill- a Beweegungsdrang konnten nokommen, wat op Dauer zu sozialen a gesondheetleche Problemer ka féieren, wollt ech dem Här Staatsminister folgend Froe stellen.:

  • Envisagéiert Regierung spéitstens mat dem erëm Ophuele vum Schoulbetrib am Enseignement fondamental och nees Spillplazen opzemaachen ?
  • Wéi eng Konditiounen musse vun de Kanner an den Elteren agehale ginn?
  • Ass ënner verschiddene Konditioune souguer vläicht eng kuerzfristeg Léisung virgesinn?

Här President, ech biede lech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Lies

Députéiert

 

 

 

Zréck