Nodeems 20 Liter Waasser mat Ueleg aus der Atomzentral zu Cattenom an d’Musel gelaf sinn, wäert d’Administration de la Gestion de l‘eau sécherheetshallwer nach emol eege Kontrollen an der Musel maachen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu engem falsche Manöver an der Atomzentral zu Cattenom un d’Madamm Inneministesch an d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

De Mëtteg war an der Presse ze liesen datt, wéinst engem falsche Manöver, den 20. Februar eng 20 Liter Waasser mat Ueleg dran aus der Atomzentral zu Cattenom an d’Musel gelaf sinn. D’Waasser wier awer net radioaktiv gewiescht.

Dës Informatioun hunn déi Responsabel vum Atomkraaftwierk zu Cattenom der Autorité de sûreté nucléaire den 22. Februar matgedeelt.

Virun dësem Hannergrond wéilt ech der Regierung folgend Froe stellen:

  • Goufen déi lëtzebuerger Autoritéiten respektiv d’Gemengen an der lëtzebuerger Grenzregioun iwwer dëse Virfall informéiert?
  • Wa jo, wéini?
  • Wäert d’Administration de la Gestion de l‘eau sécherheetshallwer nach emol eege Kontrollen an der Musel maachen?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck