No Aussoe vu Procureur Général d‘Etat op RTL : Gi manner wichteg Affairen (Drogekonsumenten) net méi poursuivéiert ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

An engem Interview an der RTL-Sendung “Background vum 19. Oktober 2024, an där d’Madamm Procureur général d’État, d’Martine Solovieff, Invitée war, ass et ënner anerem ëm d’Drogeproblematik am Garer Quartier gaangen. An deem Zesummenhang huet d’Madamm Solovieff op eng Nofro vum Journalist zur Verdeelung vun den Agente vun der Police judiciaire betount, dass de Parquet „jo léiwer op de méi wichtegen, méi groussen Dossieren [schafft]. De groussen Trafick, awer net op deenen ënneschte Membere vun der Hierarchie. Fir déi aner Affairen ze maachen, do braucht der Zäit a Mëttel“.

DMadamm Solovieff huet och gesot, dass en termes de gravité d’Affären net méi déi Qualitéit hunn, déi se mol haten. An der Praxis géif dat bedeiten, dass déi presuméiert Täter no 14 Deeg lafe gelooss ginn.

An deem Kontext wéillt ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

Ass d’Ausso vun der Madamm Procureur général d’État sou ze deiten, dass de Parquet déi mannerwichtegAffären net méi poursuivéiert?
o Wa jo, wéi steet d’Madamm Justizministesch zu deenen Aussoen?
o Géif dat och bedeiten, dass d’Drogekonsumente net méi vum Parquet poursuivéiert ginn?
Ass d’Madamm Justizministesch net der Meenung, dass mat esou Aussoen e falscht Signal gesent gëtt ?
Kann d’Madamm Justizministesch mech driwwer informéieren, wéi vill sougenannte „kleng“ Affären vun 2018 bis elo klasséiert gi sinn, opgeschlësselt no Joer an Infractioun?  

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifsteRespekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Députéierten

Zréck