Net all Garen, Arrêten oder soss Infrastrukturen sinn esou amenagéiert, datt Leit mat reduzéierter Mobilitéit ongehënnert kënnen Zougang zum gratis ëffentlechen Transport hunn. Huet d’Regierung en Aktiounsplang virgesinn fir des Problemer unzegoen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten, d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun an un d’Madamm Minister fir Chancëgläichheet weider ze leeden.

Säit dem 1. Mäerz ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis, mam Ziel datt ëmmer méi Leit sollen op den Auto verzichten an op déi ëffentlech Verkéiersmëttel ëmklammen. Leider muss een awer feststellen, datt nach net all Garen, Arrêten oder soss Infrastrukturen esou amenagéiert sinn, datt Leit mat reduzéierter Mobilitéit ongehënnert kënnen Zougang zum gratis ëffentlechen Transport hunn.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Weess d’Regierung genau op wéi enge Platzen den Accès zum gratis ëffentleche Verkéier muss verbessert gi fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit?
  • Ass Säitens vum Ministère en Aktiounsplang virgesi wéini d’Garen a Busarrête sollen accessibel sinn? Wa nee, firwat net?
  • Aktuell sinn d’Gemenge responsabel fir d’Arrêts de bus an d’Arrêts de gare behënnertegerecht ze gestalten. De Minister hat ugeduecht dëse Ressort an Zukunft un de Ministère ze attachéiere fir dass an all Gemeng den nämmlechte Standard wat d`Accessibilitéit ugeet garantéiert ka gi. Kann de Minister eis soen op des Propose  ëmgesat soll ginn? Wann jo wéini?
  • Gedenkt de Minister sech an deem Kontext u positive Beispiller am Ausland ze orientéieren (cf. Barrierefreiheit – Stadt Trier)?

Mat déiwem Respekt,

 

Marco Schank                                    Martine Hansen

Deputéiert

Zréck