Nei Opdeelung vu Juegdlousen : Firwat sinn d’Informatiounsversammlungen zum Deel während de Schaffzäite vun de Leit ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir lech, des parlamentaresch Fro iwwert Neiopdeelung vun de Juegdlousen  un Madamm Emweltminister weider ze leeden.

 

Am Kader vu der Neiopdeelung vun de Juegdlousen zu Lëtzebuerg organiséiert Natur- a Bëschverwaltung 5 Informatiounsversammlungen uechtert Land. Et ass begréissenswäert, datt des Informatiounsversammlungen organiséiert gi fir den interesséierte Leit déi néideg Informatiounen zoukommen ze loossen.  Net ze verstoen ass awer de Fait, dass fir Regiounen « Centre Ouest » an « Est » des Informatiounsversammlungen op Méindes Mëttes 15h00 respektiv Méindes Moies 10h00 fixéiert gi sinn. Des sinn definitiv Zäite wou vill interesséiert Leit aarbechtsbedéngt net kënnen deel huele respektiv sech extra misste Congé huelen.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un Madamm Emweltminister stellen :

·         Firwat sinn an de Regiounen «Centre Ouest» an «Est» d’Informatiounsversammlungen an d’Schaffzäite vun de Bierger geluecht ginn?

 

·         Ass d’Regierung net der Meenung datt eng Verwaltung am Fall vun der Organisatioun vun enger Informatiounsversammlunge sech misst no de Schaffzäite vun de Leit riichten ?

 

·         Gedenkt Regierung kuerzfristeg Ufankszäite fir Informatiounsversammlung an de Regiounen « Centre Ouest » an « Est » nei ze fixéieren an och deementspriechend iwwer de Wee vun Annoncen an de grousse lëtzebuerger Dageszeitungen dem Public matzedeelen.

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen                                           Emile Eicher

Deputéiert

Zréck