Momentan ginn et Enkpäss beim medezinesche Cannabis an d’Ausschreiwung Enn 2020 huet et net erlaabt Fournisseuren ze fannen déi de Critèrë vum Cahier des charges entspriechen. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir elo kuerzfristeg de concernéierte Patienten ze hëllefen a fir an Zukunft esou Situatiounen ze vermeiden ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

D’Madamm Minister huet rezent matgedeelt datt et momentan Enkpäss beim medezinesche Cannabis ginn. D’Stocke sinn opgebraucht an och eng Ausschreiwung Enn 2020 huet et net erlaabt Fournisseuren ze fannen déi de Critèrë vum Cahier des charges entspriechen.

Dëst huet als Konsequenz datt vill Patienten elo rëm mussen op schwéier Medikamenter ëmklamme fir hir Leiden ze therapéieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  1. Wéi vill Fournisseure goufen ab Enn 2020 ugeschriwwen?
  2. A wéi enge Punkten hunn d´Offeren net mat de d’Critère vum Cahier des charges iwwertenee gestëmmt?
  3. Wéi vill Offeren sinn zanterhier ugefrot ginn a wéi vill vun deene Fournisseuren hunn hier Offer ofginn?
  4. Si scho verschidden Offeren era komm? Wa jo, wéini ?
  5. Wéi laang brauch de Gesondheetsministère fir déi aktuell Offeren auszewäerten?
  6. Sinn dës Kéier Offeren dobäi déi mat de Critère vum Cahier des charges iwwerenee stëmmen?
  7. Ass ofzegesi wéini d’Penurie op een Enn kënnt a wéini déi nächst Liwwerung ukënnt ?
  8. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir elo kuerzfristeg de concernéierte Patienten ze hëllefen a fir an Zukunft esou Situatiounen ze vermeiden ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

  Deputéiert

Zréck