Mengt d’Regierung net datt a verschiddenen a spezielle Fäll, de REVIS och un d‘Etudes superieurs Studenten ausbezuelt kéint ginn?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul

esou wéi un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.

 

D’Etudes supérieures Studenten verléieren hiren Droit ob d’aides pour ménages à revenu modeste, wéi de REVIS (revenu d’inclusion sociale), AVC (allocation de vie chère), prime énergie, épicerie sociale, dëst gëllt och vir Persounen déi de Statut „bénéficiaire de protection internationale“ besëtzen.

Amplaz dass d’Studenten déi an den Etudes supérieures ageschriwwe si weider de REVIS kréien, kréien si d’AideFi (Staatlech Studienbäihëllef ) als Ënnerstëtzung. De Montant deen ee pro Mount am Kader vun der AideFi kritt ass awer däitlech méi niddereg wéi dee vum REVIS, wat dozou féiert datt Studenten déi weider sos kéng finanziell Ënnerstëtzung hunn net kënne studéiere goen oder d’Studie mussen ofbriechen. Dës Studente sinn also ob de REVIS ugewise vir hier Etuden ze maache respektiv weiderzeféieren.

 

Den LISER kënnt a senger Etude « Précarité et (non-)recours aux aides financières au Luxembourg: Une étude qualitative»  déi am Februar 2024 publizéiert ginn ass, zur Conclusioun:

« Le fait de percevoir l’Aide pour études supérieures entraîne l’impossibilité d’accéder à la plupart des autres aides. Sous certaines conditions, la bourse d’étude de base (1.200€/semestre) peut être complétée par un complément social (2321€/semestre). En tout, cela représente environ 420€/mois, sans cumul possible avec l’AVC et la prime d’énergie; ce montant net permet pas de vivre décemment au Luxembourg. Le complément social semble avoir été pensé pour compenser les ressources d’un ménage à revenu modeste mais pas pour fournir le revenu minimum nécessaire à l’étudiant n’ayant aucun parent pour l’aider. De plus, si l’étudiant travaille plus de 10h/semaine, ce qui peut s’avérer indispensable pour vivre décemment, le complément social diminue substantiellement. Les jeunes de moins de 25 ans ainsi que l’ensemble des étudiants (quel que soit leur âge) n’ont par ailleurs pas droit au REVIS. Ces conditions peuvent décourager les étudiants les plus pauvres à commencer ou continuer des études (…) »

Den Octroi vum Revenu d’inclusion sociale (REVIS) huet als Zil d‘sozial Ausgrenzung ze bekämpfen, an och déi Leit, déi keng Aarbecht hunn, bei der Sich no enger Aarbecht ze ënnerstëtzen. Laut dem REVIS Gesetz ginn d‘Études secondaires Studente finanziell ënnerstëtzt, mee net déi vun den Etudes supérieures.

 

An dësem Kontext wéilte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul an un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil stellen:

 

  • Wëssend datt all Etudes superieures Student (Universitéit, BTS etc) keen Droit méi huet ob divers sozial Hëllefen, a virun allem ob de REVIS, a wëssend datt de REVIS d’Zil huet déi sozial Ausgrenzung ze bekämpfen, an d’Leit bei der Sich no enger Aarbecht ze ënnerstëtzen, mengt d’Regierung datt a verschiddenen a spezielle Fäll, de REVIS och un d‘Etudes superieurs Studenten ausbezuelt kéint ginn?
    • Dëst zum Beispill och am Fall vum Etudes supérieurs Student deen de Statut vum bénéficiare de protection internationale huet? Wier et ze envisagéieren den Octroi vun de sozialen Aiden an deem Fall an der Zäit ze begrenzen ?
  • As d’Regierung der Opfaassung dass dëst net nëmme bénéfique wier vir déi betraffe Persounen mee och vir eis Wirtschaft, déi permanent op gutt Personal an Talenter ugewisen ass ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles Marc Spautz Alex Donnersbach

 

 

 

Deputéiert

 

Zréck