Méikäschten um Bau wéinst Corona : wéi reagéieren Wunnengs- a Justizminister ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech des parlamentaresch Fro iwwert méiglech Méikäschten um Bau duerch déi sanitär Krise un den Här Wunnengsbauminister an un Madamm Justizminister weider ze leeden.
Zënter dem 20. Abrëll duerf ënner strenge Sécherheets- an Hygiènesmesurë rëm op de Chantiere geschafft ginn. Laut mengen Informatioune wëlle verschidde Promoteuren déi „clé en main“ bauen, angeblech zousätzleche Käschten duerch Sécherheets- an Hygiènesmesuren un de Bauhär viruverrechnen. An dësem Sënn krute Clientë schonns Bréiwer vun hirer Baufirma geschéckt. Et gëtt hinne mat engem Baustopp gedreet wann se net géifen ënnerschreiwen.
An dësem Kontext wollt ech dem Här Wunnengsbauminister an der Madamm Justizminister folgend Froe stellen :
Wéi beurteelt den Här Wunnengsbauminister des Virgoensweis vu verschiddene Baufirmen?
Op Grond vu wéi enge Komponente wier des Virgoensweis ze rechtfäerdegen?
Ass den Här Minister net der Meenung, dass des Praxis misst ënnerbonne ginn, wessend, dass doduerch Präisser vu den Haiser a Wunnenge weider an d’Luucht ginn?
Kann Madamm Justizminister mir base légale vun sou enger Demande vun de Baufirmen un hier Client’en matdeelen ?
Clienten hunn Kontrakter mat hire Baufirmen ofgeschloss ginn, déi ouni konkret an detailléiert Begrënnung net einfach kennen ëmgeännert ginn.
Ass Madamm Justizminister och der Meenung datt dës Kontrakter net einfach kennen ausgehiewelt ginn ?
Wa jo wéi gedenkt Madamm Justizminister dogéint virzegoen?
Här President, ech biede lech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies
Députéiert

Zréck