Mat der neier Adapto-App heefen sech d’Reklamatiounen. Wéi wëll den Här Mobilitéitsminister géigesteieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

No der Aféierung vum “Gratis ëffentlechen Transport” gouf bekanntlech och den Adapto-Bus-Service reforméiert. Säit August vun dësem Joer ass an deem Kontext eng nei Adapto-App operationell, iwwer déi d’Utilisateuren hir Faarte selwer solle buchen. Zanterhier héiert een ëmmer méi dacks vu Leit, déi bis dohin zefridde mam Adapto waren, dass de Service elo manner gutt fonctionéiert, wéi virdrun.

Am Kontext vun enger adequater an zouverlässeger Transport-Offer fir Leit mat spezifesche Besoinen wéilte mir folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Wéi e Bilan zitt den Här Mobilitéitsminister zanter der Aféierung vun der Adapto-App?
  • Huet den Här Mobilitéitsminister Kenntnis vun Onzefriddenheete vun Utilisateure vum Adapto-Service an Zesummenhang mat der App?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn vun de Reklamatiounen? Kann den Här Minister eng detailléiert Opstellung mat alle Reklamatiounen zanter der Aféierung vun der App virleeën, opgeschlësselt no Sujet, Gemeng, Mount an Unzuel vun de respektive Reklamatiounen?
  • Kann den Här Minister confirméieren, dass et spezifesch beim Transport vu Sportler mat enger Behënnerung Problemer gëtt? Dass et virkënnt, dass dës Leit doduerch net mat Zäit op hirem Training sinn? Dass d’Eltere et virzéien, hir Kanner net op den Training ze schécken, fir ze vermeiden, dass déi net éieren op der falscher Plaz erausgesat ginn?
  • Wat plangt den Här Mobilitéitsminister u Mesuren ze huelen, fir kuerzfristeg beim Adapto-Service nozebesseren?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                             Serge Wilmes

Co-Fraktiounspresidentin                                                                      Deputéierten

Zréck