Mat den neie Fuerpläng vun den CFL komme Leit am Norden méi schlecht wäsch. Ass de Minister bereet Upassungen vun den Horairen ze maachen ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der hei : QP 1665

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den neien Zuch-Horairen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Mat den neien Horairë vun der CFL, déi zënter Mëtt Dezember 2019 gëllen ass et zu enger Rei Ännerunge komm, déi dozou féieren datt virun allem d‘Leit aus dem Norden méi schlecht ewech kommen. Et muss ee wëssen datt mat den neien Horairë vun Dezember 2017 am Norden den Hallefstonnentakt op ville Linne wechgefall war, dowéinst awer an de Spëtzestonnen een Zuch bäigesat gouf, fir deen Ausfall ze kompenséieren. Leider ginn dann elo mam Fuerplangwiessel an de Spëtzestonnen awer erëm déi Arrête gestrach, déi vu ville Leit genotzt goufe fir op d’Aarbecht respektiv Heem ze kommen an awer och vun enger Partie Schülerinnen a Schüler. Speziell d’Gemeng Buurschent ass hei betraff mat den Arrête vu Mëchela a Giewelsmillen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Mat wéi engem Argument kënnt et zu dësen Ännerungen an de Fuerpläng?
Deelt de Minister d’Meenung datt dës Ännerungen net wäerten dozou bäidroen datt méi Leit den Zuch huelen?
Wa jo, ass de Minister bereet hei weider Upassungen ze maache fir datt och d’Leit aus dem Norden eng besser Zuch-Offer hunn.
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marco Schank

Deputéierten

 

 

Zréck