Manktem u soziale Locatiounswunnenge fir grouss Famillen.

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro iwwert de Wunnengsparc vum Fonds du Logement un Madamm Logementsminister weider ze leeden.

 

Aus der Äntwert op Fro No 898 vum 15. Juli 2019 iwwert de Mangel vu soziale Locatiounswunnenge fir grouss Famille geet ervir, dass et am Parc vum Fonds du Logement nëmmen 80 Wunnenge mat méi 4 Schlofkummere gëtt.

 

426 Stéit stinn op der Waardelëscht fir eng Wunneng mat 4 oder méi Schlofzëmmer ze kréien.

 

Dës weidere geet aus de Äntwert ervir dass am Moment 33 Wunnenge mat 4 oder méi Schlofzëmmer am Bau wieren.

 

Am dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen der Madamm Logementsminister stellen :

 

  • Firwat ginn opgrond vun der grousser Nofro u grousse Wunnenge mat 4 oder méi Schlofzëmmer net méi där Wunnenge gebaut?

 

  • Wat ass déi minimal Gréisst fir ee Schlofzëmmer fir ee Kand, egal wei al et ass ?

 

  • Kann Bauweis vun de Wunnengen net an dem Sënn ugepasst ginn zb no der Modellbauweis, fir dass Wunneng respektiv Schlofzëmmerunzuel vun der Wunneng zu jidder Moment kann adaptéiert ginn zb wann e Jugendlechen ab 12 Joer Recht kritt op eng eege Kummer  ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Françoise Hetto

Deputéiert

 

Zréck