Luxair flitt vum 29. Mee un erëm. Wéi eng sanitär Mesure gëllen um Flughafen a ginn et EU-Virschrëften ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.
D’Luxair huet haut ugekënnegt vum 29. Mee un erëm verschidden europäesch Stied unzefléien.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Wéi eng sanitär Mesurë wäerte virgesi ginn um Luxairport fir eng beschtméiglech Sécherheet vun de Passagéier ze garantéieren?
Ass ugeduecht de Passagéier d’Féiwer ze moossen ?
Wéi ginn d’Passagéier iwwer dës Mesuren informéiert ?
Sinn déi Mesurë mat de Flughäfe vun den Destinatiounen déi ugeflu ginn ofgeschwat ?
Ginn et op EU-Niveau sanitär Virschrëften déi um Luxairport mussen ëmgesat ginn?
Ass d’Regierung a Kontakt mat der Luxair fir dës progressive Reprise ze koordinéieren am Beräich vun de sanitäre Mesuren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar Serge Wilmes
Deputéierten Deputéierten

Zréck