“Love-Scam” Bedruch och zu Lëtzebuerg : Wéi vill Fraen zu Lëtzebuerg si geschiedegt ginn a wéi kann een si besser schützen

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Policeminister wéider ze leeden.

Den éisträicheschen Televisiounssender Plus24 huet elo rezent iwwert d’Bedruchsmasch « Love Scam » eng Reportage ausgestraalt.
Doranner goung et em en 37 Järege Mann deen an Däitschland, Éisträich an och hei zu Lëtzebuerg duerch divers Fraen-Bekanntschaften 590.000€ soll ergaunert hunn. De Mann huet v-à-v vun de Fraen entweder behaapt hien hätt Geldproblemer oder en huet versicht datt d’Fraen a verschidden Geschäftsmodeller vun him investéieren.
De Mann ass entre-temps iwwerfouert ginn a sëtzt elo an Éisträich an Untersuchungshaft.
Virun dësem Hannergrond wëll ech folgend Froen un de concernéierte Minister stellen:
Ass der Police bekannt wéi vill Fraen an dëser Affär hei zu Lëtzebuerg concernéiert sinn ? Wéi vill Suen huet de Concernéierten vun dëse Fraen kritt ?
Wéi vill Fäll vun « Love Scam » ginn all Joers hei zu Lëtzebuerg gemellt ?
Wéi gedenkt de Minister op dëse Sujet opmierksam ze maachen fir d’Leit virun dëser Bedruchsmasch besser ze schützen ?

Mat déifstem Respekt,

Nancy Arendt
Deputéiert

Zréck