Lëtzebuerg net méi an den Top 10 vun de gesondste Länner

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Am rezentsten « Bloomberg 2019 Healthiest Country Index » huet Lëtzebuerg en Plaz am Ranking vun de gesondste Länner op der Welt verluer a fält aus der Top 10 eraus. Dësen Index gëtt un Hand vu verschiddene Kritären gerechent, wéi z.B. der Liewenserwaardung oder nach der Fettleiwegkeet.

Erklärungen firwat Lëtzebuerg zeréckgefall ass, wieren well zanter Joren d’Fettleiwegkeet zu Lëtzebuerg eropgeet, d’Ernierung méi schlecht gëtt an d’Awunner ëmmer manner sportlech aktiv sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Huet den Här Gesondheetsminister nach weider Informatiounen aus dem besoten Index?
Wat fir eng Mesuren gedenkt d’Regierung ze huelen fir dësem Trend kuerz-, mëttel- a laangfristeg entgéint ze wierken?
Muss den nationalen Aktiounsplang „Gesond iessen, méi bewegen“, deen 2006 lancéiert gouf, eventuell iwwerduecht ginn?
Sinn all déi Mesuren déi an de leschte Joren geholl goufen, kritesch hannerfrot an evaluéiert ginn? Wa jo, wat ass d’Resultat heivun?
Wann nee, deelt d’Regierung d’Meenung datt et noutwendeg ass, dëst ze maachen, virum Hannergrond vun dem rezenten Gesondheetsindex?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt épouse Kemp

Deputéiert

 

Zréck