Lëtzebuerg läit am Ranking op der éischter Platz wat di joerlesch Ausgabe pro Schoulkand ugeet. An de lëschte Joren goufen eng ganz Rei vun neie Gremien an Tâchen am Enseignement geschaaft. Wéi huet sech de „coût moyen par élève“ zënter 2013 bis haut entwéckelt ? 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weider ze leeden.

Laut OECD Etüde läit Lëtzebuerg am Ranking op der eischter Platz wat di joerlesch Ausgabe pro Schoulkand ugeet vum Primär bis op d‘ Uni/ Héichschoul. Lëtzebuerg gëtt all Joers em di 25.000 USD fir d‘ Bildung pro Schüler aus.

Virun dësem Hannergrond a wëssend datt an de lëschte Joren eng ganz Rei vun neie Gremien an Tâchen am Enseignement geschaaft goufen (instituteurs spécialisés, centres de compétences, etc) wëlle mir folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Wéi huet sech de „coût moyen par élève“ zënter 2013 bis haut entwéckelt ?
  • Wéi huet sech d’Unzuel vun de Schüler a vum Enseignantspersonal am Primaire an am Secondaire fir di selwecht Joren entwéckelt ?
  • Wéi gesäit d‘ Projektioun vu Schüler a Personal fir 2021 aus?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Jean-Paul Schaaf                                Martine Hansen

Deputéierten

Zréck