Lëtzebuerg hëlt Flüchtlinge vun “Open Arms” op. No wéienge Kritèren ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister an d’Madamm Ministesch fir Integratioun weider ze leeden.
Lëtzebuerg huet sech mat 5 anere Länner bereet erkläert, Flüchtlingen vum Rettungsschëff «Open Arms» opzehuelen.
Erlaabt mer, an deem Zesummenhang folgend Froen un den Här Ausseminister an un d’Madamm Ministesch fir Integratioun ze stellen:
Wat fir Kritäre gi gebraucht, fir de Choix vun deene Flüchtlingen ze maachen, déi op Lëtzebuerg kommen? Wéi ginn d’Zuelen vun de Kontingenter mat deenen anere 5 Länner ausgemaach?
Gesäit sech de Lëtzebuerger Ausseminister an deem Kontext der Kritik vun Amtskollegen aus anere Länner, déi keng Flüchtlingen vun der «Open Arms» ophuelen, ausgesat?
Gëtt et Ofmaachungen tëscht deenen EU-Staaten, déi bereet sinn, Flüchtlingen opzehuelen, wie wéini wéivill Flüchtlingen ophëlt, sou dass bei engem nächsten ähnleche Fall aner EU-Länner sech verflichten?
Wéi ginn des Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg betreit, an a wat fir engem Typ vu Struktur kommen se fir den Ufank ënner Daach?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles
Deputéierten

Zréck