Leider mussen a verschiddene Spideeler rëm Operatiounen ofgesot ginn. Huet d’Regierung ze spéit reagéiert, keng Mesuren agefouert wéi et noutwendeg war an d’Zuelen héich waren, an dofir kënnt et lo zu enger Iwwerlaaschtung vum Spidolssecteur ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no goufen elo am Centre Hospitalier du Nord (CHdN) all geplangten Operatiounen ofgesot. D’Leit musse waarde bis si akut Symptomer hunn wéi Féiwer oder Infektiounen an da ginn si iwwer d’Urgence en Charge geholl. Sollt an deem Moment nach eng COVID-Infektioun dobäi kommen, gëtt de Risiko vun engem schwéiere Krankheetsverlaf méi grouss.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

    1. Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
    2. Wéi ass d’Situatioun an den anere Spideeler am Land?
    3. Wéi vill Retarde bei Operatioune ginn et säit Mäerz an eise Spideeler? Wéi vill Operatioune goufen an Tëschenzäit nogeholl a wéi vill stinn der nach aus?
    4. Fir wat ginn dës Operatiounen elo ofgesot? Ass dat op e Bettemangel an de Spideeler zréck ze féieren oder op eng Penurie vu Personal?
    5. Wéi vill Personal aus de Spideeler ass am Moment selwer krank a wéi vill Ausfäll gëtt et dowéinst? Ass gewosst wou si sech infizéiert hunn, am Privaten oder op der Aarbecht?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck