Laut Informatioune vum Gesondheetsministère vum 22. Juli ginn et hei am Land aktuell 33 Clusteren: Dovunner 12 a Schoulen oder Lycéeën. Wat bedeit dat fir d’Preparatioun op d’Schoulrentrée 2020/21?

Här President,

 

Sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Froun d‘Madamm Gesondheetsministesch  an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Laut Informatioune vum Gesondheetsministère vum 22. Juli ginn et hei am Land aktuell 33 Clusteren: Dovunner 12 a Schoulen oder Lycéeën. Enger rezenter südkoreanescher Etüd no heescht et dann och, datt Jugendlecher awer méi infektiéis sinn, wéi uganks geduecht. D’Fuerscher hu festgestallt, datt d’Kanner vun 0-9 Joer doheem nëmme 5% vun hire Kontakter ugestach hunn. Bei de Jugendleche vun 10-19 Joer louch deen Taux awer méi héich, wéi den Duerchschnëtt, nämlech bei knapp 19%. Si hunn also méi Leit ugestach, wéi déi Erwuessen.

Wëssend, datt elo nei detailléiert Informatioune publizéiert goufen, a wëssend dat haut e weidert Covid19-Gesetz gestëmmt gëtt, an deem di schoulesch Aktivitéite kenge gesetzleche Bestëmmungen ënnerleien, well ech folgend Froen un d‘Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Hunn d‘Schouldirektioune konkret Richtlinne kritt, fir d‘Organisatioun vun der Schoulrentrée respektiv fir ënnerschiddlech Zenarie virzebereeden? Wa jo, wéi eng sinn dat genau? A baséieren dës Richtlinnen op de neien Erkenntnisser?
  • Wa nee, wéini kréien d‘Schoulen a Lycéeën kloer Richtlinne, fir d‘Schoulrentrée 2020/2021 kennen z’organiséieren?
  • Gesäit d‘Regierung op Grond vun de neien Erkenntnisser eng Adaptatioun vum Covid19-Gesetz fir, wat d‘Bestëmmunge fir d’Schoulen/Lycéeën betrëfft?
  • Verschidde Lycéeën hate schonn eegestänneg decidéiert, eng Maskeflicht anzeféieren. Gedenkt Regierung d‘Maskeflicht an deene Klasse, wou de Sécherheetsofstand net méiglech ass, obligatoresch ze maachen vun der Rentrée un?
  • Wa nee, ginn zum Beispill Contingentserhéijunge respektiv méi Klasseneffectifer bei der Planung geneemegt, fir esou zumindest d‘Oftstandsreegele do wou et méiglech ass besser kennen ze respektéieren?
  • Laut Informatiounen aus der Press, si Membere vun der Task Force „Research Luxemburg“ net un der Auswäertung vun den Date bedeelegt? Stëmmt dat? Wa jo, wien wäert dann dës Daten aus?

 

 

 

 

Mat déiwem Respekt

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck