Kruten d’Baueren wéi an der Motioun vun 2019 virgesinn ee gratis Monitoring ugebueden ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.
Den 19. November 2019 huet d’CSV d’Regierung an enger Motioun opgefuerdert, fir de Baueren am Kader vum Klimawandel e gratis Monitoring vum Karbon- a Stéckstoff-Kreeslaf a vun der klimatescher Performanz (Klimacheck) mat konkreten Nohaltegkeetskrittären unzebidden.  Des Motioun ass eestëmmeg ugeholl ginn. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un Här Landwirtschaftsminister stellen.
An deem Kontext wollte mir folgend Froen un Här Landwirtschaftsminister stellen.
Kruten all d’Betriber e gratis Monitoring ugebueden?
Wa jo, wat fir Instrumenter si genee an dem Monitoring enthalen?
Wat fir Mesurë sinn als Konsequenz vum Monitoring ëmgesat ginn?
Wann nee, fir wat ass d’Motioun an de leschte Joren net ëmgesat ginn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck