Ass virgesinn fir Léit mat erhéichtem Thromboserisiko en anere Vaccin ze ginn, wann si keen Astrazeneca wëllen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Ëmmer méi Etuden bestätegen en Lien tëschent dem Vaccin Astrazeneca an Thrombosen. An deem Kontext huet haut de Responsabelen vun der Vaccinsstrategie vun der Agence européenne des médicaments (EMA) an engem Interview mat der italienescher Zeitung II Messagero bestätegt datt een esou e Lien konnt feststellen.

Däitschland huet virun enger Woch entscheet den Astrazeneca Impfstoff op Grond vum Optrieden vu Gehiervenenthrombosen nëmmen méi u Leit ze verdeelen déi méi al wéi 60 Joer sinn. Laut dem Paul-Ehrlich-Institut (PEI) wier de Gros vun den Affer weiblech an tëschent 20 an 63 Joer. Et goufen awer och e puer männlech Opfer tëschent 37 an 57 Joer. An engem gemeinsame Bréif hu sech Universitéitsklinicken aus Nordrhein-Westfalen géint d’Impfungen mam Astrazenecastoff vun jonke Fraen ausgeschwat, de Risiko wier ze grouss, an d’Impfung mam Astrazenecastoff an deem Sënn net gerechtfäerdegt.

Och Frankräich ass momentan am gaangen Etüden duerch ze féieren op Grond vun Doudesfäll vu jonke Fraen duerch Thrombosen, déi eng kléng Zäit no der Impfung mam Astrazenca opgetratt sinn.

Wëssend datt et Leit ginn mat engem erhéichte Risiko vir eng Thrombose ze entwéckelen, géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat ass der Regierung hier Stellung par Rapport zu der Ausso vum Responsabelen vun der EMA, wéi och zu den Etuden respektiv de Mesuren an Däitschland ?
  • Kréien Biergerinnen/Bierger déi susceptibel sinn fir eng Thrombose ze entwéckelen e Choix offréiert wat den Impfstoff ugeet mat deem se geimpft ginn ?
    • Falls dës Leit kee Choix kréien, wat ass de Grond dofir ? Kënnen dës Persounen sech dann réischt zu engem spéideren Zäitpunkt impfe loossen ?

 

  • Konnt d’Regierung och schonn eng erhéichten Thrombosegefor bei de Leit ënner 60 Joer déi den Astrazenecaimpfstoff kruten feststellen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck