Koum et wéinst der Reprise beim Fluchverkéier an de leschte Wochen zu méi laang Waardezäiten?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

 

Am Ausland kënnt et deelweis zu chaoteschen Situatiounen op de Fluchhäfen, well no dem Stellenofbau an der Folleg vun der Pandemie net méi genuch Personal do ass, fir e korrekten Service beim Check-In a bei de Kontrollen ze garantéieren. Vu dat d’Vakanz hei zu Lëtzebuerg virun der Dier steet, géing ech an dem Kontext gär folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen:

  • Wéi presentéiert sech d’Situatioun zu Lëtzebuerg um Findel?
  • Steet genuch Personal zur Verfügung, fir en normalen Service ze garantéieren, speziell bei der Sécherheetskontrollen an beim Handling vum Gepäck?
    • Wann nee, ginn zousätzlech Mataarbechter rekrutéiert?
  • Koum et wéinst der Reprise beim Fluchverkéier an de leschte Wochen zu méi laang Waardezäiten?
  • Geet Zuel vun den aktuellen Mataarbechter och duer, fir d’Spëtzenzäiten korrekt ze couvréieren och wann et zu weider Pandemie bedéngten Ausfäll beim Personal kënnt?
  • Wéi vill Leit sinn haut bei Lux-Airport a bei der Luxair beschäftegt a wéi vill waren et der virun der Pandemie?
  • Um Héichpunkt vun der Pandemie, wéi et zu engem dramateschen Abroch beim Fluchverkéier koum, waren vill Luxair-Mataarbechter an den Contact-Tracing detachéiert ginn. Wat ass aus dëse Leit ginn, sinn si nees an hirem hirem ale Posten aktiv?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck