Konnt d’Regierung feststellen datt hier Informatiouns-a Preventiouns Campagne zu de Krankheeten, déi duerch eng Zeckepiqûre iwwerdroen ginn, e positiivt d’Resultat hat ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

D’Maladie de Lyme oder och Borréliose genannt, eng Krankheet déi duerch eng Zeckepiqûre iwwerdroen gëtt, an Symptomer wéi Féiwer, Kappwéi, Middegkeet a Muskelwéi ausléist, gëtt bis haut oft net oder eréischt relativ spéit diagnostizéiert a behandelt. Dëst aus dem Grond well et relativ schwéier ass d’Ursaach vun den Symptomer ze nennen, vue datt dës och matt aneren Krankheeten kennen zesummenhänken. D’Leit ginn oft ze spéit oder net richteg traitéiert, well oft d’Wëssen feelt.

Den Här Minister fir sozial Sécherheet haat 2016 an engem courrier nom débat publique deen op Grond vun der Petitioun n°567 « Pour une meilleure prise en charge de la maladie de Lyme (Borréliose) » ausgeléist gi war, gefrot : « de bien vouloir analyser si le Collège médical pourrait éventuellement organiser des formations continues sur le diagnostic et le traitement des patients atteints de la maladie de Lyme pour les médecins concernés, alors qu’un diagnostic plus précoce et plus sûr de la maladie de Lyme semble être un des soucis majeurs des patients atteints de cette maladie. … »

De Collège médical huet doropshin a engem Schreiwes (Info-Point N°21) vum Januar 2017 bemiekt :« L’organisation de la formation continue médicale est de la compétence de la Direction de la Santé comme il ressort de la loi du 24 novembre 2015 portant organisation de la Direction de la santé (Art.1er 2° 9.) […] Nonobstant le Collège médical soutient évidemment tout effort de formation des médecins dans toute discipline de la médecine, de campagnes d’information et de prévention de la maladie telles que déjà en cours, de rappel aux médecins de leur obligation de déclarer la maladie de borréliose, absolument nécessaire pour des études épidémiologiques servant de base à la prévention. »

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung mech informéieren, ob a wéi eng Formatiounen an deem Kader organiséiert gi sinn ?
  • Konnt d’Regierung feststellen datt hier Informatiouns-a Preventiouns Campagne e positiivt d’Resultat hat ?
  • Wa jo, wat war d’Resultat a gesäit d’Regierung vir weider iwwert d’Maladie de Lyme ze sensibiliséieren ?

 

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck