Kënnen d’Häre Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a Minister fir den Ëffentlechen Déngscht confirméieren, dass et aktuell Enseignantë gëtt, déi am Avancement vun hirer Karriär blockéiert sinn, well si beim Zäitpunkt vum Erreeche vum Échelon 14 nach keng 180 Stonne Formation continue noweise konnten ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir den Ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden.

D’Traitementsgesetz vum 25. Mäerz 2015 gesäit am Artikel 13(1) vir, dass Professeren, déi nom 1. Oktober 2015 agestallt goufen, 30 Deeg (180 Stonnen) Formation continue musse virweise kënnen, fir an de Grad 16 opzesteigen. Dësen Avancement trëtt 20 Joer no hirer Nominatioun an, sou dass si 20 Joer laang Zäit hunn, fir déi noutwendeg Unzuel u Formatiounsstonnen ze sammelen. Vu dass déi betraffen Enseignante fir d’Erfëlle vun hirer Tâche an der Moyenne souwisou 16 Stonne Formatioun pro Schouljoer leeschte mussen (bei ganzer Tâche), wäerten si deen noutwendege Seuil vun 180 Stonnen an der Reegel ouni Problem erreechen.

Fir d’Professeren, déi virum 1. Oktober 2015 agestallt goufen, gesäit d’Traitementsgesetz am Artikel 50(5) vir, dass si 180 Stonne Formation continue musse virweise kënnen, fir den Échelon 14 vum Grad E7 z’erreeche respektiv z’iwwerschreiden. Vill vun deene betraffenen Agenten erreechen dëse Punkt vun hirer Karriär genee 11,5 Joer no hirer Nominatioun als Candidat-professeur, respektiv e puer Joer méi spéit, ofhängeg dovun, wéini si hir definitiv Nominatioun als Professer kruten.

Well et am Enseignement secondaire virun 2007 iwwerhaapt keng obligatoresch Formation continue gouf, tëscht 2007 an 2015 8 Formatiounsstonne pro Joer verlaangt waren, an eréischt säit dem Schouljoer 2015/2016 16 Stonne pro Joer, befannen sech mengen Informatiounen no eng ganz Rei Professeren an der Situatioun, dass si 11,5 Joer no hirer Nominatioun nach keng 180 Stonne Formation continue ugesammelt hunn, obwuel si Joer fir Joer all déi Formatiounsstonne geleescht hunn, déi laut hirer Tâche vun hinne verlaangt waren. Enseignanten, déi länger Zäit Deelzäit geschafft hunn, beispillsweis fir sech doheem kënnen ëm hir eege Kanner ze këmmeren, wäre vun dësem Problem nach méi heefeg betraff.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir den Ëffentlechen Déngscht stellen :

  • Kënnen d’Häre Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a Minister fir den Ëffentlechen Déngscht confirméieren, dass et aktuell Enseignantë gëtt, déi am Avancement vun hirer Karriär blockéiert sinn, well si beim Zäitpunkt vum Erreeche vum Échelon 14 nach keng 180 Stonne Formation continue noweise konnten ?
    • Falls jo, goufen déi betraffen Agenten doriwwer informéiert, dass hir Karriär esou laang agefruer bleift, bis si de Seuil vun 180 Stonnen erreecht hunn ?
  • Begrenzt sech déi uewe beschriwwe Situatioun op den Enseignement secondaire, oder sinn heivun och Fonctionnairen aus dem Enseignement fondamental betraff ?
  • Wéi erklären d’Häre Ministeren, dass virun der Reform vun 2015 agestallten Enseignanten de Seuil vun 180 Stonne deelweis schonn no 11,5 Joer mussen erreecht hunn, wärend déi no 2015 agestallten Enseignanten heivir 20 Joer Zäit hunn ?
  • D’Traitementsgesetz vun 2015 gesäit am Artikel 50(5) vir, dass de Ressortminister eng motivéiert Dispens vun der Konditioun vun deenen 180 Stonne Formation continue ausschwätze kann.
    • Gedenkt den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend vun dëser Dispositioun Gebrauch ze maachen, fir déi Enseignanten, déi ëmmer déi laut hirer Tâche erfuerderlech Unzuel u Formatiounsstonne geleescht hunn, net an hirer Karriär ze blockéieren ?
    • Falls net, firwat ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck