Kënnen d’Gemengen, déi ee Parking residentiell hunn, Kaarte fir Carsharing Autoen ausstellen, esou dass dës befreit si vun der Taxe de Stationnement?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Inneministesch an un den Här Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

 

Aus der Äntwert op d’Question parlementaire n° 7322 vum 5. Dezember 2022 geet ervir, dass d’CFL Mobility aktuell seng Geschäftsstrategie a punkto „FLEX Carsharing“ ajustéiert. Ziel vun dëser neier Strategie soll et sinn, an de nächste Joren ee finanziellt Gläichgewiicht mat de Gemengen z’etabléieren. Déi Gemengen, déi gewëllt si, mat dem FLEX Carsharing zesummen ze schaffen, missten deemno ëffentlech Parkplaze fir privat Carsharing Autoe reservéieren. An dem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Inneministesch an un de Minister fir Mobilitéit stellen:

 

  • Wat gesäit de Code de la Route vir, wann eng privat Firma eng Parkplaz am Domaine public reservéiert?
    • Kënnen d’Gemenge Loyer fir esou eng reservéiert Parkplaz froen?
    • Wat gesäit d’Regierung vir, wann nach aner Carsharing Firmen, ofgesi vum FLEX Carsharing, esou Demandë maachen?
  • Kënnen d’Gemengen, déi ee Parking residentiell hunn, Kaarte fir Carsharing Autoen ausstellen, esou dass dës befreit si vun der Taxe de Stationnement?
  • Gesäit de FLEX Carsharing vir, beim A-A System (den Auto muss op seng Ausgangsplatz ofgestallt ginn) ze bleiwen, oder ass een A-B System (den Auto kann och op enger anerer CFL FLEX Statioun ofgestallt ginn) envisagéiert?

 

 

Här President, ech bieden Iech des Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck