Kënne d’Ministeren ausschléissen, dass déi lëtzebuergesch Autoritéiten, respektiv staatlech Servicer op iergendeng Aart a Weis an d’Affär Pegasus implizéiert sinn, geschweige dann op d’Servicer vun där Firma zréckgegraff hunn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister, den Här Aussen- an Europaminister, un den Här Medien- a Kommunikatiounsminister, un den Här Minister fir d’Defense an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden. 

Den Här Aussenminister huet mëttlerweil op d’Affär Pegasus reagéiert an déi Verantwortlech vum Grupp NSO un hir Verflichtungen zu Lëtzebuerg erënnert. 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm an d’Häre Ministere stellen : 

  • Hat d’Regierung Kenntnis iwwer d’Spionagesoftware, déi hei en cause ass, éier et zu de Revelatiounen an der internationaler Press komm ass ? Wa jo, hunn d’Autoritéiten schonn am Hannergrond géigegesteiert gehat ?
  • Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Autoritéiten fir de Fall, dass sech net un déi lëtzebuergesch an international Gesetzestexter gehale gouf ? Misst d’Gesetzeslaag op deem Punkt net verschärft ginn fir den Autoritéiten méi Mëttelen ze ginn ? Wier den Ausseminister d’accord fir den Deputéierten de Bréif un d’Entitéite vum Grupp NSO weiderzeleeden ?
  • Ergi sech, laut Regierung, aus den Informatiounen, déi aktuell virleien, eventuell Elementer, déi missten un de Parquet weidergeleet ginn?
  • Kënne d’Ministeren ausschléissen, dass déi lëtzebuergesch Autoritéiten, respektiv staatlech Servicer op iergendeng Aart a Weis an dës Affär implizéiert sinn, geschweige dann op d’Servicer vun där Firma zréckgegraff hunn ?

Mat déifstem Respekt,

Gilles Roth

Deputéierten

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck