Kéint een net en nationalen SMS-System als Fréiwarnsystem fir d’Leit hei am Land aféieren ?

Här President,  

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës  parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister, den Här Minister fir Kommunikatioun a Medien an un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzereechen.

Zanter dem 1. Mäerz 2021 verschécken déi däitsch Mobilfunkbedreiwer eng sougenannten Corona-SMS mat Informatiounen, ënnert anerem, mä net nëmmen, iwwer déi aktuell Corona-Reegelen un Leit, déi an Däitschland areesen. 

Aus aktuellem Ulass wéilt ech duerfir folgend Froen un d’Madamm an d’Häre Ministere stellen:

  • Wier et net sënnvoll en änleche System zu Lëtzebuerg op d’Been ze stellen? Lafen eventuell schonn deementspriechend Virbereedungen?
  • Land a Leit haten déi lescht Deeg mat uergen Iwwerschwemmungen ze kämpfen mat Repercussiounen op eist ganzt Verkéiersnetz. Aner Katastrophen kënnen eng änlech Envergure ereechen. Kéint sou een nationalen SMS-System net och als Fréiwarnsystem fir d’Leit hei am Land – eventuell dann och fir Leit, déi sech op Lëtzebuerg deplacéieren, benotzt ginn, änlech wéi den “sms2citizen” fir d’Bierger op Gemengenniveau respektiv als Complement zur App “gouvalert.lu” ? 
  • Och gouf an der Vergaangenheet annoncéiert, dass d’App “gouvalert.lu” géif weiderentwéckelt ginn? 
    • Wou sinn déi Aarbechten drun? 
    • Goufen d’Leit wärend de leschten Deeg iwwer d’App am Virfeld alertéiert, an och iwwer Zäit um Lafende gehalen iwwer déi lescht Entwécklungen? 

Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 


Paul Galles
Deputéierten

Zréck