Kéint de Minister kuerzfristeg nees eng Echange-Plattform fir d’Gemenge mam nationale Koordinator an d’Liewe ruffen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

D’lescht Woch gouf an der Chamber d’Gesetz gestëmmt dat d’Administration des transports publics schaaft an där och de fréiere Verkéiersverbond als ministeriellen Departement integréiert gouf.

Zënter 2012 war de Verkéiersverbond den nationale Koordinator vun der europäescher Mobilitéitswoch (EMW), déi dëst Joer och erëm am September stattfënnt. Et muss ee feststellen datt déi Dynamik, déi positiv Echangen tëscht de Gemengen an och de Kontakt mat den europäesche Responsabel zu Bréissel fir d’Organisatioun vun der EMW wichteg sinn.

Well am neie Gesetz keng Funktioun vun engem nationale Koordinator fir Aktioune mat – an tëschent de Gemengen, virgesinn ass, a well déi awer noutwenneg ass fir e.a. d’Organisatioun vun Eventer wéi der EMW, géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Kéint de Minister kuerzfristeg nees eng Echange-Plattform fir d’Gemenge mam nationale Koordinator an d’Liewe ruffen?
  • Iwwerhëlt déi nei „Administration des transports publics“ d’Organisatioun, d’Koordinatioun an di finanziell Chargë vun der europäescher Mobilitéitswoch?
  • Wann nee, wéi gedenkt de Minister ze garantéieren datt och an Zukunft d’Gemenge genuch agebonne gi fir déi Aspekter vun der Mobilitéit déi iwwer den ëffentlechen Transport erausginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck