Käschtepunkt vun Neiwahlen

Här President,

esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwer déi geplangte Wahlen am Hierscht un déi Hären Innen- a Finanzminister, esou ewéi un d’Madame Ministesch fir d’Fonction publique, weiderzeginn.

De leschten Donneschden huet de Premier- a Staatsminister dem Grand-Duc virgeschloen d’Chamberswahlen net am Mee 2014 mä dëst Joer am Hierscht ze maachen.

Dofir wéilt ech gären dës Froen un d’Madame an déi Häre Ministere stellen :

  • Wéi héich wäerten déi administrativ Käschte vun eventuelle Wahle sinn (Imprimerie, Indemnitéiten asw.) ? Wéivill wäert et méi kaschte wann d’Chamberswahle vun den Europawahle wäerte getrennt ginn ?
  • Wéivill Beamten (Staat a Gemengen) gi gebraucht fir eventuell Wahlen am Hierscht virzebereeden? Mussen an deem Fall Beamten hire geplangte Summercongé gestrach kréien? Wa jo, wéivill wäeren der dovunner betraff ? Kënnen déi Beamten hire Congé nach dëst Joer eranhuelen ?
  • Wa wéinst de Neiwahlen eng nei Regierung eréischt Enn dës Joers mat schaffen ufänke kéint an dowéinst kee Staatsbudget fir 2014 kéint gestëmmt ginn, wat gesäit d’Gesetz an deem Fall vir ?

Mat déifstem Respekt,

Serge Wilmes
Deputéierten

Zréck