Kann Regierung ons Grënn matdeele firwat d’Extensioun vun der Bauschuttdeponie zu Housen nach net autoriséiert ginn ass?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden mir Iech dës urgent parlamentaresch Fro un Madamm Ëmweltminister an un den Här Wirtschaftsminister stellen weiderzeleeden.

 

Zanter Jore feelt et am ganze Land chronesch u Kapacitéiten an de Bauschuttdeponien. Laut eisen Informatioune kennt Deponie zu Housen kuerzfristeg un hier Limitten an Bedreiwerfirma huet ugefaangen nëmmen nach en limitéiert Tonnage pro Dag ze akzeptéieren. Des Decisioun ass och de Baufirme matgedeelt ginn déi dohinner tippe ginn. Eng Extensioune vun der concernéierter Bauschuttdeponie wier zënter längerem ugefrot, eng Decisioun säitens vun der Regierung steet awer nach ëmmer aus.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un Madamm Ëmweltminister an un den Här Wirtschaftsminister stellen.

 

  • Kann Regierung eis des Informatioune confirméieren?
  • Wei eng kuerzfristeg Léisunge envisagéiert Regierung fir sécherzestellen, dass déi betraffe Baufirmen hire Bauschutt weiderhinn an engem raisonnabelen Ëmkrees kennen oftippen?
  • Kann Regierung ons Grënn matdeele firwat d’Extensioun vun der Bauschuttdeponie zu Housen nach net autoriséiert ginn ass?
  • Wei sinn déi aktuell Kapazitéitsreseven an de bestoende Bauschuttdeponien a wei ass de Stand bei der Ausweisung vun néie Bauschuttdeponien?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Emile Eicher          Martine Hansen     Aly Kaes      Jean-Paul Schaaf

Deputéiert

Zréck