Kann eng aner Form vun Ënnerstëtzung fir d’Gemengen wärend dem Bau vun enger Schoul mat Betreiungsstrukturen ugebidde gin, fir di technesch an zäitintensiv Koordinatioun ze vereinfachen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister an un den Aarbechtsminister weiderzeleeden.

De MENJE propagéiert eng integréiert Ausféierung vu Schoulbau mat Betreiungsstrukturen am Primaire.

Elo ass et esou dass fir d’Sécherheet bei der Maisons Relais den ITM via Kommodo zoustänneg ass, mat sengen Normen a Reegelen.

Wann eng Gemeng en integréiert Konzept, wéi vum Minister gewënscht ëmsetzt, muss fir deen Deel wou Fonctionnairen dra schaffen (Schoul) awer d’Securitéit bei der Fonction publique (SNSFP) ugesidelt sinn. Déi Normen an Virschrëfte sinn net ëmmer deckungsgläich an de Bauhär ass da mat verschidden Interpretatiounen a Koordinatioun vun 2 staatlechen Instanze befaasst. Net ze vergiessen datt och nach deels Reegele vum CGDIS derbäi kommen.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froe stellen :

  • Kënnen d’Ministeren eis dës Situatioun confirméieren?
  • Wann Säll, Deeler vum Gebai an Technik an Alentoure vu Schoul- a vu Maison Relais-Personal gemeinsam oder ofwiesselend benotzt ginn, wéi soll de Bauhär do virgoen?
  • Kann an deene Fäll och just eng Instanz de Bau begleeden an di aner Instanz schléisst sech den Entscheedungen un ?
  • Kann d’Regierung di béid Instanzen encouragéieren eng koordinéiert Approche fir dës Projet’en auszeschaffen?
  • Kann eng aner Form vun Ënnerstëtzung fir d’Gemengen an dëser héich technescher an zäitintensiver Koordinatioun entstoen ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Paul Schaaf

 

Zréck