Kann een zu Lëtzebuerg och eng Hausse vun den Prescriptiounen vun psychotropeschen, antipsychoteschen an hypnoteschen Medikamenter an och vun Psychostimulanten bei Kanner a Jugendlechen feststellen ?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

An engem Rapport vum franséischen Haut Conseil de la famille, de l’enfance et de l’âge (HCFEA) warnt dësen virun enger Hausse vun psychotropeschen Medikamenter (Medikamenter déi d’Aktivitéit vum Gehier veränneren) bei Kanner tëscht 6-17 Joer. Vill ze vill Medikamenter géingen verschriwwe ginn an dës wieren och nach dobäi oft ze vill staark doséiert. An deem Sënn hätt d’Consommatioun vun esou Medikamenter bei Kanner sech verduebelt an deene leschten 10 Joer. 5% vun der franséischer pediatrescher Bevëlkerung wier betraff, also 1 Kand vun 20.

Laut der franséischer Assurance maladie, wier tëscht 2010 an 2021, de Konsum vun psychotropeschen Medikamenter wéi Antidepresseuren bei Kanner em 179% eropgaangen, bei Psychostimulanten géing een bei 148% leien, bei antipsychoteschen bei 114% an hyponoteschen Medikamenter bei 35%. En kennt een zur Konklusioun datt d’Medikamenter ëmmer méi fréi verschriwwen ginn.

Desweideren géif een am Rapport vum HCFEA zur Konklusioun kommen dass eng grouss Partie vu Kanner a Jonker, déi schonns Unzeechen vun enger psychescher Krankheet uweisen, an eng fréi Betreiung bräichten, net prioritär behandelt géing ginn, mam Resultat datt hiren Zoustand sech verschlechtert.

De Rapport vum HCFEA kennt weiderhin op d‘Resultat datt e groussen Deel vun de Prescriptiounen vun de Medikamenter net vir Kanner bestëmmt wieren.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann een zu Lëtzebuerg och eng Hausse vun den Prescriptiounen vun psychotropeschen, antipsychoteschen an hypnoteschen Medikamenter an och vun Psychostimulanten bei Kanner a Jugendlechen feststellen ? Wa jo, em wéi vill Prozent sinn dës an d’Luucht gaangen ?
  • Kann een desweideren feststellen datt Dosen vun dësen Medikamenter oft ze héich sinn vir d’Kanner ?
  • Kann d‘ Regierung Zuelen nennen, wéi vill Kanner a Jugendlech esou Medikamenter verschriwwen kréien/kruten ?
  • Wéi ginn Cas’en vun Kanner a Jugendlecher, déi Zeechen vun enger psychescher Krankheet opweisen, geréiert ? Wat sinn d’Waardezäiten vir eng Behandlung an der Moyenne ?
  • Kann een hei zu Lëtzebuerg och feststellen datt Medikamenter u Kanner a Jugendlecher verschriwwe ginn, déi net vir dës bestëmmt sinn ? Wa jo, wat sinn hei d’Zuelen ? Wat well d’Regierung ënnerhuelen vir eis Kanner a Jugendlecher viru Medikamenter, déi net vir si bestëmmt sinn, ze schützen ?

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck