Kann d’Regierung mech informéieren aus wéi engem Grond et esou laang dauert bis déi Persounen, déi 2 Impfdosen, dovun 1 mam Johnson & Johnson kruten, hire Bréif erhalen vir e RDV vir eng 3. Dose ze kréien ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Mëttlerweil sinn och Persounen, déi 2 Dosen (dovun 1 mam Johnson & Johnson) kruten, eligibel vir eng 3. Dose (Booster) ze kréien. Dës Leit kennen entweeder ouni e RDV an eng sougenannten Pop-up Impfstatioun goen oder se kennen sech via myguichet.lu an den dräi Impfzentren e RDV ufroen, wouropshin se dann e Bréif kréie mam Code vir e RDV ze huelen.

Laut mengen Informatiounen géingen elo Leit schonn säit 1-2 Wochen op hire Bréif vun der Santé vir e RDV ze kréien waarden.

An deem Kontext géif ech gäre folgend Froen stellen:

  • Kann d’Regierung mech informéieren aus wéi engem Grond et esou laang dauert bis déi Persounen, déi 2 Impfdosen, dovun 1 mam Johnson & Johnson kruten, hire Bréif erhalen vir e RDV vir eng 3. Dose ze kréien ?
  • Wëssend datt et et Persounen ginn déi sech esou schnell wéi méiglech mat enger 3. Dose wëllen schützen an net nëmmen op de Bréif mussen waarden mee och dono op hiren Dag wou se RDV hunn, an datt den EU Digital Covid Certficate matt 2 Dosen a gewëssene Länner wéi Däitschland net unerkannt gëtt, wou een en Imfpschema mat 3 Injektioune muss opweisen kennen, mengt d’Regierung net och datt een dëse Prozess kéint/misst acceleréieren ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck