Kann d’Regierung matdeelen wéi vill Persounen à ce stade an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer (Resident’en an och Employé’en) ewéi och an de Reseau’en geimpft sinn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

An der éischter Impfphas gëtt/gouf d’Personal aus dem Gesondheetssecteur oder déi, déi a Spideeler oder Altersheemer schaffen ewéi och Persounen déi an Altersheemer liewe, prioritär geimpft. Déi 2. Phas vun der Impfcampagne soll dës Woch zu Lëtzebuerg ulafen. An dëser 2. Phas gi Leit iwwer 75 Joer geimpft, a Persounen déi als héich vulnerabel gëllen, dorënner Kriibskranker. Wéi d’Santé matgedeelt hat goufen déi éischt Invitatiounen u Leit iwwer 75 Joer Enn der leschter Woch erausgeschéckt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen wéi vill Persounen à ce stade an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer (Resident’en an och Employé’en) ewéi och an de Reseau’en geimpft sinn ?
  • Ass de ganzen Fleegesecteur (d‘Doktors- an d’Kinéscabinet’en inclus) elo duerchgeimpft ginn ?

 

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck