Kann d’Regierung matdeelen wéi vill Kanner zu Lëtzebuerg ënnert Iwwergewiicht leiden ? Wéi vill dovun leiden ënnert extremem Iwwergewiicht (Adipositas) ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Laut der «Kaufmännische Krankenkasse» wieren ëmmer méi jonk Mënschen iwwergewiichteg. Esou wier d’Zuel vun den Kanner bis siwwenzéng Joer an Däitschland, déi ënnert extremem Iwwergewiicht (Adipositas) leiden an deenen leschten zéng Joer (2010-2020) em 30 % erop gaangen. Am frappantsten wier de Plus bei den Aacht-bis Eelefjäregen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen wéi vill Kanner zu Lëtzebuerg ënnert Iwwergewiicht leiden ? Wéi vill dovun leiden ënnert extremem Iwwergewiicht (Adipositas) ?
  • Em wéi vill Prozent ass d’Zuel vun den iwwergewiichtegen Kanner, respektiv extrem iwwergewiichtegen Kanner an deenen leschten zéng Joer an d’Luucht gaangen ?
  • A wéi enger Alterskategorie ass de Plus am frappantsten ?

 

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck