Kann d’Regierung matdeelen aus wéi engem Grond een iwwert Doctena méi schnell en RDV kritt vir en IRM am Groupe HRS wéi wann een deen direkt am Sekretariat ufreet ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Wéi et aus engem Lieserbréif am Luxemburger Wort vum 20. September 2021 ervir geet, misst een Fach- an Informatikswëssen matt bréngen vir sech iwwerhaapt mol kënnen e RDV vir en IRM un ze froen. Esou beschreift d‘ Persoun an hirem Schreiwes wéi se vum Sekretariat „Radiologie“ vum Groupe HRS gesot krut, se misst sech selwer e RDV iwwert Doctena/Internet huelen, vir net grad dee lescht méiglechen Datum ze kréien. Nieft dem Informatikswëssen dat een misst matbréngen, wier et net nëmmen eng medezinesch Erausfuerderung vir emol virdéicht dee richtegen IRM ze fannen, mee et géif een och klinesch Detailer gefrot ginn déi een als Patient oft net wéisst. Nodeems Dokument dann ausgefëllt wier misst een et dann un d’Klinik per E-Mail schécken, wat vir e puer Leit net esou einfach wier wéi vir anerer. An deem Sënn freet d‘Verfaasserinn vum Lieserbréif sech ob net jiddereen déi selwecht Rechter a Méiglechkeet ob medezinesch Hëllef zu Lëtzebuerg hätt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen aus wéi engem Grond een iwwert Doctena méi schnell en RDV kritt vir en IRM am Groupe HRS wéi wann een deen direkt am Sekretariat ufreet ?
  • Wëssend datt et Leit ginn déi net esou gutt mat informateschen Mëttelen kënnen em goen wéi anerer oder tout court keng besëtzen, ass d’Regierung der Meenung datt soumat jiddereen d‘Méiglechkeet ob medezinesch Hellef huet zu Lëtzebuerg ?
  • Aus wéi engem Grond muss een beim Ausfëllen vun der Online-Ufro medezinesch Detailer uginn ? Ass d’Regierung sech bewosst datt et Patienten ginn déi dës Detailer net hunn ?
  • Opgrond vun dësen Punkten ass d’Regierung der Meenung datt d’Prozedur misst iwwerschafft ginn vir en IRM-RDV ze kréien ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

 

Zréck