Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.
An engem Interview mat der Madamm Gesondheetsministesch publizéiert haut op Reporter.lu, huet d’Madamm Ministesch nach eng kéier annoncéiert (sou wéi se et och schonns an der Chamber gemaach hat) datt d’Regierung eng Analyse virleeë well, unhand vun där eng potentiell Impfflicht virbereet gëtt.
«Sie sagten am Schluss der Debatte im Parlament, dass Sie bald eine Analyse vorlegen wollen, anhand derer die Entscheidung zur Impfpflicht vorbereitet werden soll. Was soll genau analysiert werden?
Wir müssen eine seriöse Faktenlage ausarbeiten. Wir erstellen Modellrechnungen, wie die Lage sich bis zum Herbst, und darüber hinaus, entwickeln könnte. Dabei geht es zunächst um die Anzahl der ungeimpften Menschen und um jene unter ihnen, die für die altersmäßige Impfpflicht infrage kommen. Hochrechnen müssen wir dann die Wahrscheinlichkeit, dass Über-50-Jährige schwer krank werden, und wie sich diese Zahl über eine gewisse Zeit auf die Belegung der Krankenhäuser auswirkt. Wir arbeiten da mit verschiedenen Szenarien. Die entscheidende Frage ist, ob das so ermittelte Risiko bis zum Ende des Jahres tragbar ist oder nicht. Erst dann gibt es ein klares Ja oder Nein zur Impfpflicht.»
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
- Kann d’Regierung eis matdeelen wéini dës Modellrechnungen an Optrag gi sinn ?
- Sinn dës Modellrechnungen schonns ofgeschloss ?
- Wa jo, kann d’Regierung eis se zoukommeloossen respektiv publizéieren ?
- Wa nee, wéini ginn d’Modellrechnungen fäerdeg ?
- Kann d’Regierung eis nach méi Informatiounen ginn, iwwert wat genau analyséiert gëtt ? Wat sinn déi verschidden Zenarien ?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.
|
Zréck