Kann d’Regierung eis informéieren, wéi vill Accidenter op positiv Drogentester zeréck ze feieren sinn ? Wéi vill dovun ob Cannabis ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

 

Ganz rezent gouf eng Persoun vun engem Camion ugestouss an ass un den Suitten vun hiren Blessuren verstuerwen. De Camionschauffer huet missten een Drogeschnelltest maachen, deen dunn och positiv ausgefall ass.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung mech informéieren, wéi vill Accidenter op positiv Drogentester zeréck ze feieren sinn ? Wéi vill dovun ob Cannabis ?
  • Wéi vill vun dësen Accidenter sinn déidlech ausgaangen ?
  • Wat waren d’Konsequenzen vun deen Accidenter vir déi drogéiert Chaufferen ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck