Kann d’Regierung eis informéieren wéi eng Persounen den Impfstoff Novavax kréien ? Dierfen d’Leit wielen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

 

D’Madamm Gesondheetsministesch huet den 4. Februar 2022 op der Pressekonferenz matgedeelt, datt den 21. Februar 9000 Dosissen Novavax erwaart ginn, a weider 30 000 Dosissen bis Enn Mäerz.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

 

  • Kann d’Regierung eis informéieren wéi eng Persounen dësen Impfstoff kréien ? Wat ass hei d’Strategie ? Dierfen d’Leit wielen ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen Claude Wiseler
Co-Fraktiounspresidentin Deputéierten

Zréck