Kann d’Regierung eis informéieren ob déi ugekënnegt Table-rondë mat Vetrieder vu Verbänn a Veräiner mëttlerweil organiséiert gi sinn a wa jo, wat dobäi eraus komm ass ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro betreffend de Konsequenze vun der Corona-Kris op de Sport un de Minister fir Sport weider ze leeden.

D’COVID-19 Pandemie hat e groussen Impakt op de Sport. Zanter dem éischte Lockdown hätten vill Erwuessener, Jugendlecher a Kanner opgehalen reegelméisseg Sport ze dréiwen.

D’Regierung huet an hirer Äntwert ob meng parlamentaresch Fro n°3083 annoncéiert datt se nach keng verlässlech Zuele hätt wat d’Statistiken ubelaangt betreffend dem Impakt vun der Corona-Kris op de Sport. Allerdéngs hätt de Ministère am Juni 2020 «a Collaboratioun mam COSL, d’Lunex University vun Déifferdeng mat enger Studie beoptraagt, fir den Impakt vun der COVID-19 Pandemie op déi lëtzebuerger Sportswelt ze identifizéieren.» Den Minister huet des weideren uginn datt «an deem Kontext Table-rondë mat Vertrieder vu Verbänn a Veräiner organiséiert ginn. Éischt Resultater ginn dann ufanks nächst Joer erwaart.»

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung mech informéieren ob déi ugekënnegt Table-rondë mat Vetrieder vu Verbänn a Veräiner mëttlerweil organiséiert gi sinn a wa jo, wat dobäi eraus komm ass ?
  • Kann d’Regierung opklären ob déi annoncéiert Studie fir den Impakt vun der COVID-19 Pandemie op déi lëtzebuerger Sportswelt ze identifizéieren schonn gemaach ginn ass ?
    • Wann deem esou ass wat sinn d’Resultater vun dëser Etude, respektiv kann de Minister verlässlech Zuelen nennen wat d’Statistiken betreffend dem Impakt vun der COVID-19-Kris op de Sport ugeet ?
    • Am Fall wou dës Etude nach net clôturéiert ass, wou ass se drun a wéini gedenkt de Minister se fäerdeg ze hunn ?

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck