Kann d’Regierung eis déi aktuell Zuele vum Taux de vaccination beim Personal am Gesondheets- a Fleegeberäich nennen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Déi parlamentaresch Fro Nummer 5454 ass zum groussen Deel net beäntwert ginn. Dofir stellen ech des Fro nach eng Kéier als drénglech Ufro.

D’Regierung huet grad eng Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer a fir de Secteur vun de Gesondheets- a Fleegeberuffer annoncéiert, mam Argument, datt grad hei de gréisste Risk vun engem schwéiere Verlaf an déi héchsten Noutwendegkeet vun enger Impfung bestinn. Dëst huet och de rezente Rapport vun de fënnef Experte confirméiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung eis déi aktuell Zuele vum Taux de vaccination beim Personal am Gesondheets- a Fleegeberäich nennen?
  • Wann net, a wéi wäit ass et méiglech, vun der Unzuel vu Membere vum Personal, déi sech teste loossen, op den Impftaux ze schléissen ?
  • Kann d’Regierung eis weider matdeelen, ob et tëschent den eenzelen Haiser a Bedreiwergruppen Ënnerscheeder gëtt a wéi déi ze chiffréiere sinn ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck