Kann d’Regierung doriwwer informéieren, wou de Plan d’action national de lutte contre l’antisémitisme drunn ass a wéini dësen publizéiert gëtt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kultusminister, un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet ewéi och un den Här Aussen-an Europaminister weiderzeleeden.

Virun 3 Joer huet de Staatsrot säin Accord zur Elaboratioun vun engem nationalen Plang géint den Antisemitismus (plan d’action national de lutte contre l’antisémitisme) ginn, eng EU Initiativ vir géint den Antisemitismus virzegoen an déi reliéis Fräiheet an d’Egalitéit vun all de Leit ze stäerken an ze schützen.

Dësen Plang ass bis dato awer nach net publizéiert ginn.

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung doriwwer informéieren, wou de Plan d’action national de lutte contre l’antisémitisme drunn ass a wéini dësen publizéiert gëtt ?
  • An eiser parlamentarescher Ufro mat der N° 4018 betreffend der Securitéit vun der Synagog zu Esch, huet d’Regierung ënnerstrach dass ee géing am Kader vun der Preparatioun vum zukünftegen Plan d’action national de lutte contre l’antisémitisme, doriwwer nodenken ob a wéi een déi jeeweileg Gemengen bei der Sécherheet vun de Synagogen technesch ënnerstëtzen kéint. Huet een sech doriwwer schonn Gedanken gemaach ?
    • Wa jo, wat wieren hei d’Méiglechkeeten ?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

 

Zréck